Vun der Garage zum Chalet

Begeeschterung eleng geet net duer; et brauch een och déi néideg Infrastrukturen.

Den éischten Ënnerdaach fir d’Suessemer Guiden a Scouten war dem Paschtouer seng Garage, e Versammlungsraum 3 mol 4,5 Meter grouss a knapps 2 Meter héich mat engem rauen Bëtongsbuedem. Awer dat huet der Begeeschterung net geschuet.

No der Garage hu mir eis am nächste Joer wesentlech verbessert.

Mat Hëllef vun der Gemeng Suessem hu mer en neit Doheem fonnt am Keller vun der Primärschoul. Elo hate mer zwee Säll an zeng mol méi Plaz. An awer, de Wonsch vun de Suessemer Guiden a Scouten war et schonns laang en eegene Chalet ze kréien.

No der Grënnung vun de „Frënn“, fir déi esou een Home fir de Suessemer Grupp en Haaptuleies ass, huet deen Dram schonn vill méi konkret Formen ugeholl. Éischt Schrëtt an déi Richtung war e Kontakt mam Ministère du Logement fir de Bauerenhaff beim Schlass als Home ze notzen.

De Suessemer Grupp huet op den 1 Mee1994 en Bail ënnerschriwwen dee leider net a Kraaft getrueden ass well op Säiten vum Ministère keng Ënnerschrëft erfollegt ass. Verschidden Aarbechten goufen nach um Haus gemaach (z.B. eng Dier gouf agesat) mee desen Projet stoung vun Ufank un ënnert kengem gudde Stär an den Staatsarchitekt huet festgestallt datt d’Gebaier an engem desolaten Zoustand waren.

Et hätten 38 Millioune Frang missen investéiert ginn.

1999 hat de Schäfferot dunn d’Iddi fir d’Annexe vum Schlass (de Pavillon) fir d’Guiden a Scouten an d’Rei ze setzen. Leider huet de Staat als Propriétaire dat net esou verstanen an huet dunn am Februar 2001 matgedeelt datt dëst Gebai virgesinn ass als Wunnraum fir d’Demandeurs d’Asyl

De Luss, eise Gruppechef, hat dunn d’Iddi fir en Terrain ze sichen. Nodeems hien bei der Gemeng an der Kierchefabrick gefuerscht huet, ass neess neie Schwong an d’Saach komm. Den Abbé René Fisch huet eisen Raro-Chef Bruno Winter drop higewisen datt d’Kierchefabrick de Guiden a Scouten eng Bauplaz an der rue de la Fontaine iwwerloossen kéint.

Dëst wier ëmsou méi interessant well déi Responsabel vun der Gemeng scho viru Joren gesot hunn:“Wann dir en Terrain hutt, da baue mir“

Mee och hei ass erëm méi driwwer geschwat, ma wéineg Konkretes dorausser ginn. Wéi de Luss, am Joer 2000 an d’Bautekommissioun komm ass, war et net schwéier fir hien ze kucken, op d’ Gemeng en Terrain hätt deen a Fro géif kommen. Kuerz drop war déi ideal Plaz fir de Chalet ze bauen du fonnt an zwar „direkt virun der Hausdier“ an der Schlassstrooss niewent dem Kulturzenter. Elo huet et geheescht Pläng auszeschaffen.

De Reiser ScoutsChalet huet den Nico Warnier als Modell geholl fir en neien Entworf ze zeechnen. Déi Pläng huet de Luss net méi gesinn; no kuerzer mee schwéierer Krankheet ass hien bei säin ieweschte Chef geruff ginn.

Am Februar 2002 hunn sech e puer Frenn, Chef a Cheftainen zesumme gesat mat der Devise „E Chalet elo oder ni“. Dat waren Luc Derume, Nico Flick, Edy Maack, Norbert Pater, Eliane an Nico Warnier, Bruno Winter.

Bei enger éischter Entrevue op der Gemeng den 22. Abrëll 2002 sinn eis Pläng dem Schäfferot presentéiert ginn. Et ass festgehale ginn datt d’Gemeng sech et net kann erlaben all Grupp aus der Gemeng e Chalet ze bauen.

Doropshin huet de Suessemer Grupp sech mat den nopesch Truppen zesummegesat an de Chalet am Detail erkläert. Et ass en Accord fonnt ginn, och si hunn agesinn dass déi Suessemer dës nei Infrastrukturen am dréngendste brauchen. No weideren Entrevuen op der Gemeng an op der Bauplaz selwer, ass bestëmmt ginn datt d’finanziell Mëttelen zu 50% vum Staat an zu 50% vum der Gemeng gedroe ginn, bis maximal 744.000 €, wat doriwwer eraus geet muss vum Bauhär (de Frënn) opbruecht ginn. Nodeems en definitiven Projet am Schäffen- a Gemengerot eng leschte Kéier virgestallt ginn ass, ass de Chalet den 28. März 2003 unanime gestëmmt ginn.

Et ass weider gaangen, et goufen vill Devis’ën ugefrot an duerchdiskutéiert, Konventiounen opgesat an no 10 Joer Viraarbecht war et den 12. Januar 2004 esou wäit: De Bagger huet déi éischt Schëpp Buedem erausgestach.

D’Bauplaz am Februar 2004

Déi éischt Dall ass gegoss …..

den éischte Stack ass gebaut  ……

an eng weider Dall ass gegoss…..

An hei dann eisen Home vun der Campplatz aus