CaraPio

Mir sinn d‘Suessemer CaraPio. 

Mir léieren eis an eis Matmënschen ze respektéieren.

An eise Versammlunge maache mir net nëmme Quatsch mee mir beschwätzen och eescht Themen a loossen eiser Kreativitéit fréie Laf. Natierlech hu mir och ganz vill Spaass wärend mer eis Natur besser kenneléieren. Wärend all eise Versammlunge lauschtere mer Musek, op déi mer danzen a matsangen.

Um Camp léiere mir nei Géigenden an och nei Kulture kennen. Mir schléissen nei Frëndschaften an si vill sportlech aktiv. Konstruktioune begleeden eis op de Camp’en fir eis d‘Liewe méi einfach, bezéiungsweis méi schwéier ze maachen. Den Zesummenhalt tëschent eis mécht dat mir eis ëmmer all wuel fillen !!

Hues du Loscht all dëst mat ons zesummen ze erliewen? Dann bass de häerzlech wëllkomm an eisen Versammlungen.

Versammlung: Denschdes vun 19:30 – 21:00 Auer
Responsabel Cheftaine: Lena Rota
Contact: carapiochef@suessem.lgs.lu