Am Ufank vum Scoutsjoer muss all Member bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten seng Kotisatioun, bezuelen:

15€ pro Joer fir dat éischt Kand oder Jugendlechen an der Famill an och fir d’Mataarbechter.

12€ pro Joer fir all weidert Kand oder Jugendlechen an der Famill ouni eegent Akommes.

Zousätzlech zur Kotisatioun kann jiddereen « 1 EURO fir de Niger » als Don spenden.

Eis Solidaritéit zielt – besonnesch an afrikanesche Länner, wou et net evident ass seng Schoule kënnen ze maachen, wou Jonker keng Perspektiven hunn an d’doudgeféierlech Rees iwwert d’Mëttelmier zum eenzegen Auswee gëtt.

Mir maachen d’Aen net zou an hëllefen an engem vun de weltwäit äermste Länner; matten an der Sahel-Zone!

D’LGS-Aktioun « 1 EURO fir de Niger » geet natierlech och am neie Guide-Scoutsjoer weider.

All gesammelt Donen kommen ouni Ëmweeër de „Scouts du Niger“ fir Formatioun an Fonctionnement ze gutt.

Ären Don un den Niger gëtt zesumme mat de Kotisatioune vum Grupp un den Verband iwwerwisen.

Jiddereen, dee bis den 31.Oktober seng Kotisatioun net bezuelt sollt hunn, ass net méi Member an och net méi bei den Lëtzebuerger Guiden a Scouten assuréiert.

Scouten déi keng Memberskaart méi wëllen oder hir Kotisatioun net bezuelt hunn, ginn vum Gruppechef beim Verband ofgemellt.

N.B. Weiderhin kënnen d’Chef/tainen a Mataarbechter vun der CASCO vum Verband profitéieren, wann si bis den 1. Dezember 10 € op de Verbandskont LU96 0029 0100 0023 3100 bei der BIL iwwerweisen.