Viru kuerzem hat d’Chefequip vun den LGS Ste Catherine Suessem hir Frënn a Mataarbechter invitéiert fir zesummen den 40. Gebuertsdag vun den Suessemer Guiden a Scouten ze feieren. Den Dechen Raymond Streweler, deemolegen Paschtouer zu Suessem a Grënner vun den Suessemer Guiden a Scouten huet flott Anekdoten vun den Ufanksjoeren erzielt. Et goufen Photoen a Filmer aus 40 Joer Bestoen gewisen an den neien Internet-site ass presentéiert ginn. Freides, den 5. Juli gëtt zesummen mat allen Guiden a Scouten an hiren Famillen am Home Luss Collini den Gebuertsdagskuch opgeschnidden. Als Héichpunkt vum Anniversaire ass am Juli e flotte Gruppe-Camp zu Bilschdrëf.