AvEx

D’AvEx sinn e coolen Trupp,

am Suessemer Scoutsgrupp.

11 bis 14 Joer sinn mir al,

an bleiwen den Scouten hoffentlech nach laang erhal.

Sou vill wei mir hei zesummen erliewen,

wäerten mir verhalen fir e ganzt Liewen.

Eis Trépieden sinn net ëmmer ganz stabil,

mee dofir leieren mir fir d’Liewen vill.

Wëlls och du bei eis participéieren,

dann looss vun dir héieren!

Versammlung: Samschdes vun 16:00 – 18:00 Auer
Responsabel Cheftaine: Lis Koster
Contact: avexchef@suessem.lgs.lu